X

 

Lëtzebuerger Orthografie

D'Lëtzebuerger Orthografie als PDF

Hei kënnt Dir Iech déi offiziell Lëtzebuerger Orthografie als PDF-Datei eroflueden. Et ass ewell déi 5. Oplo, déi am September 2022 erauskomm ass. Beim Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch gëtt et d'Lëtzebuerger Orthografie och nach ëmmer gratis als Bichelchen.

Nieft dem Haapttext vun der Orthografie huet den ZLS och nach zwee Hëllefsdokumenter fir Iech: eng Kéier e preziist Iwwersiichtsdokument, an deem all aktualiséiert Reegel genee erkläert gëtt, an eng kompakt Versioun vum Iwwersiichtsdokument, an där Der déi wichtegst Ännerungen op zwou Säite kënnt noliesen (leschten Update: Februar 2021).

Dir hutt nach eng Fro iwwer d'Lëtzebuerger Orthografie? Hei fannt Dir eis FAQ. Dir kënnt eis awer och schreiwen: lod@lod.lu.

Déi completéiert an aktualiséiert Lëtzebuerger Orthografie gouf am November 2019 vun der Regierung ugeholl. Si reegelt offiziell d’Schreifweis vun der Lëtzebuerger Sprooch fir déi Beräicher, fir déi de Lëtzebuerger Staat zoustänneg ass (Administratiounen, Schoulen). Doduerch dréit se zum Vereenheetleche vun der Schreifweis bäi an hëlleft all deenen, déi sech un der offizieller Orthografie wëllen orientéieren oder se wëlle léieren. Déi heite Reegele leeën d’Schreifweis vun alen an neie Wierder fest a klären och d’Integratioun vu Wierder aus anere Sproochen. Natierlech ass et méiglech, eng friem Originalschreifweis bäizebehalen an e Wuert als Zitatwuert ze benotzen. D’Schreifweise vun Nimm kënne vun den offizielle Reegelen ofwäichen.