Iwwer Bosnien a Kroatien féiert de Wee aus dem Noen Osten an d'EU. Awer a Kroatien ginn d'Flüchtlingen alles anescht wéi frëndlech empfaangen.

Kroatien huet d'EU-Presidence bis Enn Juni, d'Hafestad Rijeka un der Adria ass dëst Joer Kulturhaaptstad. 2020 soll d'Joer vu Kroatien ginn, deem jéngsten EU-Memberland. Mä Kroatien huet e Problem mam Respekt vun de Mënscherechter. Dat geet aus engem Reportage vun enger RTL-Ekipp ervir, déi rezent um Balkan war.

Mat de neien Onrouen am Noen Osten, der tierkescher Invasioun an Nordsyrien, der rezent brisanter Entwécklung am Iran an der Gefor vun engem gréisseren arméierte Konflikt a Libyen wäert d'Zuel vun de Flüchtlingen a Migranten, déi sech op de Wee maachen an Direktioun Europäesch Unioun, an den nächste Wochen a Méint net of, mä zouhuelen.

Iwwert d'Mëttelmier ass elo am Wanter d'Gefor ze grouss. De méi séchere Wee féiert erëm iwwert de Balkan. Déi sougenannt Balkanroute war ni ganz zou, och wann d'Politik d'Awunner vun der EU dat wollt gleewen doen. Ungarn huet e pickegen Drot gespaant, mä zanter zwee Joer ass en anere Wee bekannt, deen iwwer Bosnien a Kroatien an d'EU féiert.

A Kroatien ginn d'Flüchtlingen a Migrante mat thermeschen Detekteren, Iwwerwaachungskameraen an Dronen entdeckt an duerno ginn et der mam Knëppel. Kierperlech Gewalt an Humiliatiounen duerch d'Police si Verstéiss géint Mënscherechter. An d'Leit kréie verwiert, eng Demande op Asyl ze stellen, wat hinne vum europäeschen an internationale Recht no awer zousteet. Um Enn gi se zréckgedréckt an engem sougenannte Push-back a Bosnien: ee weidere Verstouss géint d'Gesetz, allerdéngs geschitt dat all Dag a Kroatien.

D'EU-Kommissioun hätt sech rezent engagéiert, eng Enquête duerchzeféieren.

Reaktioun vu kroateschem Ambassadeur

Et war mat vill zeremoniell a symbolschwangere Rieden, dass an der Maison de l'Europe an der Stad e Mëttwoch feierlech d'EU-Presidence vu Kroatien am enke Krees vum versammelte Corps Diplomatique vun auslänneschen Ambassadeure gefeiert gouf.

Ënnert de Gäscht war natierlech de kroateschen Ambassadeur fir Lëtzebuerg, deen zu Bréissel wunnt. De Mann war an der Vergaangenheet a Kroatien wéinst Korruptioun a Verstéiss géint d'Budgetsgesetz ugeklot. Déi éischt Virwërf goufe fale gelooss. E Mëttwoch war hien de Gaascht zu Lëtzebuerg, fir och mat Hëllef vu frëschgedréckten Héichglanzbroschüre säi Land ënnert anerem als Touristendestinatioun ze verkafen.

Fir ons war et d'Geleeënheet, där vill onbeäntwert Ufroen un d'Ambassade virausgoungen, fir dem Diplomat e puer Froen ze stellen zu der aktueller Situatioun op der bosnesch-kroatescher Grenz an zu de kroatesche Praktiken.

Reaktioun vum Minister fir bannenzeg Sécherheet

Zanter ugangs dës Mounts huet Kroatien d’EU-Presidence. A virun zwee Deeg war zu Zagreb e Conseil vun den EU-Ministere fir Justiz an Affaires Intérieures.

Mat derbäi: De Lëtzebuerger Minister fir bannenzeg Sécherheet, den Henri Kox. Um Ordre du Jour stoung och d’Migratioun a wéi d'EU mat de Schleiser a Mënscheschmuggler soll ëmgoen. Duerch Kroatien kommen nämlech nach ëmmer vill Flüchtlingen an de Schengenraum. Dorunner huet och d’Gewaltbereetschaft vun der kroatescher Police, op der Grenz tëscht Kroatien a Bosnien, bis ewell Näischt geännert.

Déi plakeg Zuele beleeën den Trend. 2018 goufe 24.000 Awanderer a Bosnien gezielt. 3.000 sinn der hänkebliwwen. 21.000 koumen der mat Succès iwwert d’Grenz a Kroatien a weider an de séchere Schengenraum vu Slowenien.

2019 waren et der scho 24.000, déi weiderkoumen a mat den iwwer 100.000, déi am Fréijoer, wann d’Temperature bis klammen, vun den Hëllefsorganisatiounen op der Balkanroute erwaart ginn, kommen d’Heeméint fir d’Schleiser an d’Mënscheschmuggler. Et ass eng direkt Konsequenz vun enger verpasster Asylpolitik vu Kroatien, déi nach dobäi géint d’Mënscherechter an d'europäescht Gesetz verstéisst.

Den Hotel Sedra war viru laangem e Bijou am Tourismuskatalog vum Monni Tito. Haut ass et e Flüchtlings- a Migrantelager bei Bihac, no un der kroatescher Grenz. 335 Mënsche goufen hei vun der UNO-Flüchtlingshëllef agecheckt, zu 95% Familljen. D’Leit bleiwen am Schnëtt 64 Deeg, sou d’Statistik. An där Zäit sinn der, déi alt bis zu enger Dose Mol probéieren, et eriwwer a Kroatien a weider ze packen an déi de ruppegen an illegale Praktike vum kroatesche Grenzschutz ausgesat sinn.

"Wa se dech mat denge Kanner deportéieren, da brénge se dech a grouss Camionnetten, wou se dech dran a Kette leeën. Et ass net gutt fir d’Kanner, fir déi Situatioun ze gesinn an duerchzemaachen. Ech weess, et ass Deel vun eiser Liewensrees, mee si kéinte méi frëndlech mat eis ëmgoen, well mir si keng Mäerder, mir sinn net geféierlech. Mir si just Mënschen a mir brauchen Hëllef. Mir sinn hei, well mer eng sécher Plaz sichen a wou eis Kanner kënnen eng Zukunft hunn.", erzielt d'Iman Rajabi, eng Migrantin aus dem Iran.

Egal wéi hir Aussiichte sinn, fir als "Ugewisener op international Protektioun" iwwerhaapt unerkannt ze ginn, kruten der vill am Hotel Sedra scho massiv Suen ofgeknäppt vu Schleiser a Mënscheschmuggler. Grenziwwergräifend soll elo Europol sech mam Thema befaassen.

Eng EU-Enquête am Kontext vun de kroatesche Verbrieche soll kommen, krute mer an de leschten Deeg e puer Mol verséchert. Mat all Demande op Asyl, déi Kroatien ignoréiert gëtt se méi wichteg. Mat all Verstouss géint d’Mënscherechter, deen d’EU toleréiert, verléiert se u Kredibilitéit.