Laut neiem Politmonitor vun TNS Ilres fir RTL an d’Wort ginn déi Befroten der LSAP-Gesondheetsministesch 90 Sympathie- a 89 Kompetenzpunkten.

Si iwwerhëlt all déi aner Politiker a Punkto Sympathie a Kompetenzen. Alles an allem ginn et awer méi Verléierer ewéi Gewënner.

E Score, méi héich souguer wéi dem Jean-Claude Juncker (CSV) säi virun 10 Joer.

Politmonitor/Reportage François Aulner

D’Paulette Lenert war an am leschte Sondage am Oktober d’lescht Joer nach op 28 Punkte koum a kritt offensichtlech eng ganz gutt Nott fir hir Gestioun vun der Coronakris déi lescht Méint. Si gewënnt nämlech 61 Punkten. "Keng Selbstverständlechkeet", sou den Tommy Klein vun TNS Ilres, deen op Santésministeren am Ausland verweist, déi net all méi populär gi sinn“.

D’fréier Riichterin an héich Beamtin, déi net gewielt, mee vun der LSAP an d’Regierung geholl gouf, steet elo mat 90 Punkten (Moyenne Kompetenz/Sympathie) un der Spëtzt vun de beléiftste Politiker hei am Land.

Hire Parteikolleeg, den Ausseminister Jean Asselborn bleift wéi am Oktober bei 85 Punkten an der Moyenne, mee gëtt fir d’éischte Kéier a 7 Joer déi éischt Plaz um Podium of. De Premier Xavier Bettel vun der DP gewënnt sengersäits un Terrain mee bleift Drëtten am Klassement mat 83 Punkten. De liberale Regierungschef gëtt vun de Befrote méi kompetent (85) ewéi sympathesch (81) ugesinn.

Ee weidere grousse Gewënner bei dësem Politmonitor ass den DP-Finanzminister Pierre Gramegna: Hie gewënnt 10 Punkten a klëmmt op déi véiert Plaz. Den Tresorier vun der Regierung huet elo bei de Befroten 53 Sympathiepunkten an 73 Kompetenzpunkten. De Sputt zum Podium ass mat 20 Punkten Ënnerscheed awer weiderhi grouss.

Ze notéieren och, datt d’LSAP-Politiker Etienne Schneider an Alex Bodry déi beim leschte Sondage op véierter a fënnefter Plaz waren, net méi an der Ëmfro stinn.

De Sputt mam Rescht vun de Politiker ass souguer nach méi grouss.

RTL

Den DP Educatiounsminister Claude Meisch awer – et hat sech vläicht net jiddereen et erwaart - ka sech iwwert Pluspunkte freeën, mee bleift mat 40 Punkten nach méi wäit hannert de Spëtzereider. Änlech ass et fir d’DP-Familljeministesch a Parteipresidentin Corinne Cahen, déi mat Minus 3 op 41 Punkte fält. Iwwerdeems déi Befroten hir méi Kompetenz ewéi Sympathie accordéieren, gëtt d’LSAP-Inneministesch Taina Bofferding – mat 45 Punkten Moyenne och am Peloton - als méi sympathesch ewéi kompetent ageschat.

RTL

Losers

Grouss Verléierer am Politmonitor sinn awer déi Gréng, änlech ewéi bei der Sonndesfro vu leschter Woch. Bei där Ëmfro goufen awer aner Leit an engem aneren Zäitraum befrot.

Virop ass den Energieminister Claude Turmes, deen 18 Punkte verléiert par Rapport zu Oktober d’lescht Joer. Hien huet elo just nach 29 Sympathie- a 35 Kompetenzpunkten. Sai Parteikolleeg a Logementsminister Henri Kox verléiert sengersäits 9 Punkten a fält op 35 Sympathie- an 33 Kompetenzpunkten.

RTL

All déi aner gréng Regierungsmemberen verléiere Punkten: d’Ëmweltministesch Carole Dieschbuerg, déi scho beim leschte Sondage am Oktober 18 Punkte verluer hat, verléiert nach emol 6 Punkten. De grénge Mobilitéits- a Verdeedegungsminister François Bausch verléiert 5 Sympathie- a Kompetenzpunkten a verléisst esou den Top 10. Déi gréng Justiz- a Kulturministesch Sam Tanson packt et zwar nach op déi 9. Plaz, mee och si verléiert 4 Punkten. Och déi Gréng Fraktiounscheffin Josée Lorsché verléiert och 5 Punkten an eleng déi nei Partei Presidentin Djuna Bernard bleift stabel. Allerdéngs mam niddregste Score am Sondage: just 24 Punkten.

Dem Tommy Klein no ass dëse Politmonitor en "negative" Sondage, well alles an allem ginn et méi Verléierer (20) ewéi Gewënner (9). Als Verléierer kann een nach den DP-Chamberpresident Fernand Etgen erwänen, dee 7 Punkte verléiert. Oder nach den LSAP-Wirtschaftsminister Franz Fayot. Hie verléiert 5 Punkten am Géigesaz zu sengem Regierungskolleeg um Boulevard Royal, den DP-Mëttelstandsminister Lex Delles, deen 2 Punkte gewënnt an et an den Top 10 packt. Den Ecart tëscht den zwee Ministeren läit elo bei 11 Punkten.

Oppositioun

Bei der CSV, der gréisster Oppositiounspartei, behält den Deputéierte Claude Wiseler den héchste Score. Den CSV-Spëtzekandidat bei de leschte Walen ass 6. am Total, an huet nach ëmmer 50 Sympathie- a 54 Kompetenzpunkten. Säi Parteikolleeg, den Deputéierte Felix Eischen, dee mat engem gudde Score am Oktober iwwerrascht hat, ass nach ëmmer op Plaz Nummer 8, mee verléiert 2 Punkten. D’Fraktiounspresidentin Martine Hansen verléiert hirersäits 3 Punkten a fält op 43. 8 Punkte méi awer nach wéi den CSV-Parteipresident Frank Engel, deen dës Kéier 4 Punkte verléiert. „D’Oppositioun hat natierlech och de Problem, datt se an deene leschte Méint net onbedéngt de Podium krut, fir eben eppes fir déi eege Perceptioun ze maachen“, sou den Tommy Klein.

RTL

Bei der ADR gewënnt den Deputéierte Gast Gibéryen – deen am Oktober an d’Pensioun geet - ee Punkt a kënnt mat 51 Punkten op Plaz Nummer 7. Opfälleg ass och de Piraten-Deputéierte Sven Clement, dee 5 Punkte guttmécht an op eng Moyenne vun 38 kënnt. Manner gutt schneit den Deputéierten vun déi Lénk, de Marc Baum of: hie verléiert 2 Punkten a kënnt op 34.

Hien ass net deen eenzege Politiker, dee laut Politmonitor een "Notorietéitsproblem" huet, an anere Wierder, datt e wéineg bekannt ass.

Just 73 vun de Befroten kennen de lénken Deputéierten, dorënner just 39 Prozent vun de Wieler tëscht 18 a 24 Joer. Manner bekannt nach ass d‘Deputéiert a Co-Presidentin vun der grénger Partei Djuna Bernard, déi 67% vun de Leit net kennen. Oder nach den DP-Fraktiounschef Gilles Baum, dee just 68% vun de Leit kennen. Am bekanntsten ass de Xavier Bettel, deen 99% vun de Leit kennen.

Erklärungen Methodologie

Eng 1.028 walberechtegt Persoune goufen tëscht dem 26. Juni a 4 Juli via Telefon an online befrot.

D’Donnéeën zur Methodologie goufe bei der Alia (alia.lu) hannerluecht.

Politmonitor am Detail