En Dënschdeg huet d'Chambre criminelle vun der franséischer Cour de cassation zu Paräis de Wee fir eng Ausliwwerung vum Frank Schneider fräi gemaach.

Schneider virun Ausliwwerung an d'USA / Rep. Marc Hoscheid

Et ass schonn eng zimmlech filmräif Geschicht, déi sech ronderëm de Geschäftsmann Frank Schneider ofspillt. Déi franséisch Cour de Cassation huet en Dënschdeg gréng Luucht ginn, fir de fréiere SREL-Agent an d'USA auszeliwweren. Déi amerikanesch Justiz sicht de Frank Schneider, well hien am Verdacht steet, beim Opbau vun engem Schnéiballsystem ronderëm d'Kryptowärung OneCoin gehollef ze hunn. Sollt hien an den USA schëlleg geschwat ginn, dreet nawell eng zolidd Strof.

Ganzer 40 Joer kéint de Frank Schneider an de Prisong kommen, wann hien an den USA wéinst Bedruch a Geldwäsch verurteelt sollt ginn. Dowéinst hat hien Asproch géint een Urteel vun der Cour d'appel vun Nanzeg ageluecht, deem no hien ausgeliwwert soll ginn. Säi Lëtzebuerger Affekot, de Maître Laurent Ries, war net direkt an d'Affär a Frankräich involvéiert, mee huet d'Urteel vun der Cour de Cassation gelies. Dat siwe Säite laangt Dokument géing weisen, datt d'Riichter keen Zweiwel un der Richtegkeet vum Virgoe vun der franséischer Justiz hätten. Juristesch hätt de Frank Schneider just nach d'Méiglechkeet, eventuell Recours beim Europäesche Geriichtshaff anzeleeën. Ma de Maître Ries gesäit nach eng Alternativ:

"Et kann ee sech och d'Fro stellen, kann d'Politik, soll d'Politik op d'Justiz wierken, op de Minister, op de Procureur général? Ass dat gutt? Do muss een ofweien, wéi eng Interesse méi wichteg sinn. Déi Leit, déi um Rudder sinn, mussen dat fir sech entscheeden, mat allen Avantagen an Inconvenienten."

Dat wat de Frank Schneider am Zeiestand soe kéint, dierft duerchaus interessant sinn. Den amerikanesche Geheimdéngscht FBI enquêtéiert géint hien, well säin Numm wärend den Ermëttlunge géint d'Ruja Ignatova gefall ass. De Frank Schneider soll hir gehollef hunn, mat der Kryptowärung OneCoin Investisseuren ëm méi wéi véier Milliarden US-Dollar ze bedréien. Zanter Oktober 2017 ass d'Ignatova ënnergedaucht.

De Frank Schneider sot an engem Interview um Radio 100,7 viru 4 Méint, datt hien net wosst, wat mat de Sue vun de Clientë vu OneCoin géif passéieren: "Dat war zu der Zäit, wou ech do geschafft hunn net kloer. Do sinn elo awer vill Jore vergaangen. Ech gesinn awer, datt vill Fonge warscheinlech verschwonne sinn. Dofir, wann et da Fraude ass, da muss dat gekläert ginn. Wann et da Fraude war, da gëtt et och Blanchiment. Da muss ech eeben do Responsabel sinn, fir dat wat ech do vläicht gemaach hätt."

2015 hat déi bulgaresch Finanzkommissioun, d'Heemechtsland vum Ignatova, wéinst suspekten Aktioune virun Investissementer an de OneCoin gewarnt.

Mat Bléck op dem Frank Schneider säi mentalen Zoustand mengt de Maître Ries, datt e laang optimistesch gewiescht wär, mat senger Verdeedegungsstrategie Erfolleg ze hunn, an dat hätt och ee Grond.

"Hien ass e bëssi een Dreemert, ee ganz sympathesche Mann, ee ganz intelligente Mann. Een typesche Geheimdéngschtler, dee bei Wäitem net alles seet, weder sengem Affekot nach aneren, wat en am Kapp huet. Dee ganz vill am Kapp huet, Strategie, Detailer, awer deen haaptsächlech mécht, wouvun hien iwwerzeegt ass."

Den Numm vum Frank Schneider ass och nach mat enger anerer spektakulärer Geriichtsaffär bekannt. De fréiere Chef des opérations beim Lëtzebuerger Geheimdéngscht war an de Oflauschterskandal ronderëm de fréiere Premier Jean-Claude Juncker verwéckelt. Wéi eng Auswierkunge seng Ausliwwerung un d'USA fir ee méiglechen zweete SREL-Prozess kéint hunn, wollt ee beim Parquet op Nofro hin net kommentéieren.