Um Freideg ass op Ufro vun der CSV de Premier an d'Institutiounekommissioun komm, fir den Deputéierte Ried an Äntwert zum Fall Schneider ze stoen.

Dee setzt den Ament a Frankräich am Hausarrest a soll wéinst dem Verdacht op Bedruch a Blanchiment un d'USA ausgeliwwert ginn. Hien huet déi Lëtzebuerger Regierung gefrot, fir bei der franséischer Premierministesch ze intervenéieren. Ma dat dierft wuel net passéieren.

Suivi Explusioun vum Frank Schneider/Marc Hoscheid

Ausser beim Premier Xavier Bettel géing nach spontan ee Sënneswandel asetzen. No der Sëtzung e Freieg, op déi hie vum Ausseminister Jean Asselborn an der Justizministesch Sam Tanson begleet gouf, schéngt dat awer éischter onwarscheinlech. De Xavier Bettel huet nämlech ganz kloer ënnerstrach, datt hien d'Decisioun vun der franséischer Justiz net a Fro stelle géing.

De Xavier Bettel:
"Ech wäert net engem anere Staats- oder Regierungschef telefonéieren, fir Traitements de Faveuren ze hunn, bei Prozeduren an Decisioune vun engem auslännesche Geriicht. Sou wéi ech et och ganz wéineg géing appreciéieren, wann een auslännesche Staats- oder Regierungschef mir géing telefonéieren, fir ze soen, datt dat, wat eis Riichter hei um Plateau Saint-Esprit decidéieren, him net géif passen. Et gi Rechtsstaatssystemer an déi huet een och ze respektéieren."

Bei der Oppositioun huet ee kee Versteesdemech fir dës Positioun. Dem CSV-Deputéierte Laurent Mosar no wier et net vertrietbar, datt ee Lëtzebuergesche Staatsbierger an d'USA ausgeliwwert gëtt. Grad fir Auslänner wier d'Situatioun an amerikanesche Prisonge katastrophal. Sollt de Frank Schneider schëlleg sinn, misst hien zu Lëtzebuerg verurteelt ginn. Wéi déi Lëtzebuergesch Justiz den Dossier "OneCoin-Affär" traitéiert huet, wier verwonnerlech.

De Laurent Mosar (CSV-Deputéierte):

"Mir fannen et net normal, datt ee komplizéierten Dossier, an deem nach kee sech richteg erëmfënnt, den Dossier OneCoin, datt deen innerhalb vu 17 Stonnen hei instruéiert gëtt. Dat heescht vun deem Moment un, wou den Dossier hei ukomm ass, huet de Parquet just 17 Stonne gebraucht, fir eng negativ Decisioun ze huelen. Dat werft trotzdeem eng Rei vu Froen op."

Den ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser ass der Meenung, datt de Parquet opgrond vu rezente Plainten, déi deposéiert gi wieren, duerchaus d'Méiglechkeet hätt eng Enquête opzemaachen, ma dat wier um Enn d'Entscheedung vun der Justiz. Datt de Xavier Bettel sech net amësche wëllt, kann hien net novollzéien.

De Fernand Kartheiser (ADR-Deputéierte):

"Et ass lo am Abléck eng politesch Prozedur a Frankräich, et ass keng juristesch Prozedur. Eiser Meenung no wier et guer kee Problem, wann de Premier bei sengem Homologe géing intervenéieren. Besonnesch wann ee bedenkt, datt den Här Schneider vläicht selwer Geheimnisträger vu Lëtzebuerg ass. Wat natierlech eng besonnesch Sensibilitéit an deem Dossier erfuerdert."

De Mars Di Bartolomeo, President vun der Institutiounekommissioun, huet ënnerstrach, datt d'Regierung sech, am Fall vun enger Verurteelung an den USA, dofir asetze géing, datt Konditiounen änlech wéi zu Lëtzebuerg wieren an de Frank Schneider een Deel vu senger Strof am Grand-Duché ofsetze kéint.