Eng Space-Firma vum Belval steet op der US-Sanktiounslëscht. Zu Lëtzebuerg goufe konkret Schrëtt géint Spacety Luxembourg S.A ënnerholl.

Spacety ass eng chineesesch Space-Firma, déi sech 2019 zu Lëtzebuerg etabléiert huet. Zanter Januar steet se op der US-Sanktiounslëscht wéinst der russescher Invasioun an der Ukrain. D'Firma soll der Söldner-Grupp Wagner Satellittebiller zur Verfügung gestallt hunn.

En interministerielle Grupp hätt Demarchen ënnerholl, fir eng direkt oder indirekt Ënnerstëtzung vum russesche Krich duerch d’Firma Spacety Luxembourg S.A z'ënnerbannen, dat äntwert de Wirtschaftsministère op Nofro.

Eng vun den Demarche wier gewiescht, dass den Ausseminister Jean Asselborn an de Wirtschaftsminister Franz Fayot d’Firma beim Procureur d’Etat denoncéiert hunn, wéinst méiglechem Verstouss géint d’EU-Sanktiounen. Hei de genee Wuertlaut vun der Äntwert vum Wirtschaftsministere:

"Parmi ces démarches, une dénonciation a été faite par le ministre des Affaires étrangères et européennes Jean Asselborn et par le ministre de l’Economie Franz Fayot auprès du Procureur d’Etat pour une éventuelle violation, par Spacety Luxembourg S.A., d'une mesure restrictive européenne et de la loi du 27 juin 2018 relative au contrôle des exportations."

Spacety Luxembourg S.A. muss Technoport um Belval verloossen

D’Firma hat hir Büroen am Technoport um Belval. De Wirtschaftsministère huet RTL confirméiert, dass dëse Kontrakt opgeléist gouf a Spacety deemno geschwënn d’Büroe muss eidel raumen. Souwuel de Staat, wéi d’SNCI (Société Nationale de Crédit et d’Investissement) sinn Aktionär bei Technoport.

RTL

© Domingos Oliveira

LIST huet Zesummenaarbecht agestallt

Den ëffentleche Fuerschungszenter LIST (Luxembourg Institute of Science and Technology) hat am August 2022 eng Collaboratioun mat der Entreprise Spacety Luxembourg ënnerschriwwen. Scho virun der Ënnerschrëft hätt een op héichopléisend SAR-Date fir Fuerschungsprojeten am Beräich Risiko-Reduktioun (wéi Iwwerschwemmungen) oder maritim Iwwerwaachung, zréckgegraff. Zanter August 2022 goufen d’Algorithmen un d’Donnéeë vun der Firma Spacety ugepasst. An enger éischter Stellungnam vum Februar huet de Luxembourg Instiute of Science and Technology geschriwwen, et géif ee, falls néideg, d’Zesummenaarbecht astellen. Op Nofro krut RTL um Méindeg confirméiert, dass all Zesummenaarbecht mat der Lëtzebuerger Filial vu Spacety virun e puer Deeg agestallt goufen. De LIST hätt ni Technologien, Algorithmen oder Date mat hinne gedeelt.

Uni Lëtzebuerg suspendéiert Zesummenaarbecht

Och d’Uni Lëtzebuerg hat gemeinsam Fuerschungsprojete mat der Firma, virop am Beräich vu mechanesche Systemer, fir Weltraumschrott ewechzemaachen. An engem Mail un RTL huet d’Uni preziséiert, dass ee ni gemeinsam Aktivitéiten hat, déi eppes mat Satellittebiller ze dinn haten. Et hätt een d’Zesummenaarbecht suspendéiert, an et géif een aktiv dru schaffen, se ze clôturéieren.

"Spacety Luxembourg" net méi z'erreechen

Kuerz nodeems déi chineesesch Firma mat Sëtz am Grand-Duché vun den USA virgehäit krut, Satellittebiller fir de Söldner-Grupp Wagner accessibel gemaach ze hunn, koum prompt een Dementi. Et hätt ee keng Bezéiungen zu Russland oder dem Söldner-Grupp Wagner. No dësem Communiqué war et net méi méiglech, Kontakt mat de Responsabele vun der Firma opzehuelen.

RTL

© Domingos Oliveira

Ob elo vu Lëtzebuerg aus effektiv Biller un de russesche Wagner-Grupp gaange sinn, konnt kee  confirméieren. D’Demarche déi geholl goufen, schwätzen allerdéngs eng relativ kloer Sprooch.