Wéi op der Facebook-Säit vu Walfer ze liese steet, kéint et sinn, datt d'Aachtelsfinall tëscht der Residence a Mamer nach emol gespillt misst ginn.

An der Coupe am Härebasket gëtt et eng kleng Huddel. No der Aachtelsfinall tëschent Walfer a Mamer hat Residence e Protest ageluecht, well d'Auer zum Schluss vun der Partie ze spéit nees lafe gelooss gouf an doduerch Mamer in extremis nach gewonnen huet.

De Protest gouf elo vum Verbandsgeriicht ugeholl. E grousse Problem ass awer, dass d'Véierelsfinall tëschent Mamer an Diddeleng scho gespillt ass.

No der Defaite an der Coupe géint Mamer huet Walfer de Protest direkt agereecht mam Argument, dass d'Partie wéinst dem Tëschefall mat der Auer net kéint validéiert ginn.

RTL

© RTL Grafik

De President vun der Residence Walfer Alain Weins:

"Wat eis elo iwwerrascht huet ass, dass et esou laang gedauert huet, ier den Dossier traitéiert ginn ass. Mir hunn de Protest innerhalb vu 15 Minutten nom Match gemaach, esou wéi et an de Statutte virgesinn ass an da misst FLBB den Tribunal Fédéral de Protest weiderginn an dat ass iwwert eng ganz laang Zäit eben net geschitt."

Dat huet sech wierklech gezunn. De Match géint Mamer war de 27. Oktober, d'Véierelsfinall vun der Coupe Mamer géint Diddeleng ass den 22. November gespillt ginn an de 26. November ass eréischt Convocatioun vun der FLBB u Walfer erausgaange. D'Urteel ass dunn den 29. November gesprach ginn, also eréischt ee Mount nom Protest.

Den Alain Weins:

"Wann e Protest ageluecht gëtt, dann ass de Match als alleréischt emol net validéiert. Da muss den Tribunal Fédéral zesummekommen an da validéieren oder eben net validéieren."

Dozou de Chris Dentzer, Directeur administrative vun der FLBB:

"Et ass onglécklech, dass et esou laang geschleeft huet. Et ass aus verschiddene Grënn esouwäit komm, ech ka leider net drop agoen an dowéinst hänkt dee Rateschwanz eben elo hannendrun, deen mir elo hunn."

De Rateschwanz, deen hannendrun hänkt ass, dass villes misst ëmorganiséiert ginn. D'Aachtelsfinall an och d'Véierelsfinall missten deemno frësch gespillt ginn.

De Chris Dentzer:

"Et ass machbar, ëmzesetzen. Mir sinn aktuell och schonn a Kontakt mat de concernéierte Veräiner, fir Datumer ze fannen. Et ass natierlech sportlech mam aktuelle Kalenner, mam Championnat, wou et duebel Spilldeeg sinn an och de Rendez-vous vun der Coupe-Halleffinall, déi Enn Januar gespillt ginn, kënnt och ëmmer méi no."

D'FLBB ass géint d'Urteel an Appell gaangen. Den Dossier läit elo beim Tribunal d'Appell, dee en Dënschdeg zesummekënnt. Fir esou eng Huddel awer an Zukunft ze evitéieren, wier et fir den Alain Weins wichteg, Matcher op Äis ze leeën, falls e Protest en direkten Impakt op déi nächst Partie huet.